
Dora ginn d’Zuelen aus dem Budget, deen de leschte Mount presentéiert gouf, onverännert iwwerholl. An deemno geet ee fir dat lafend Joer vun engem Defizit vun 1,2 Prozent am Verglach mam PIB aus; also engem Defizit vun 987 Milliounen Euro. D’Oppositioun an der Chamber war e Méindeg net méi begeeschtert, wéi virun e puer Wochen. An dat obwuel de Finanzminister Gilles Roth sot, mat senger responsabeler Politik géifen “déi staatlech Einnamen erëm méi séier klammen, wéi déi staatlech Ausgaben. Dat heescht, dass d’Staatsschold mëttelfristeg ofgeflaacht gëtt an dat heescht och, dass mer déi néideg Investitioune kënne weider héichhalen.”
Zu de Prioritéiten am Reformprogramm gehéiert do den Ausbau vun den erneierbaren Energien, esou de Wirtschaftsminister Lex Delles vun der DP.
“Dat mat Ziler, déi mer eis och gesat hunn am PNEC, fir d’Solarenergie, fir d’Wandenergie, awer och fir den Hydrogen kënne mat eriwwerzebréngen. Natierlech déi Fro vum Logement, wat och lännerspezifesch Recommandatioune sinn, déi am PNR traitéiert ginn, wou et drëm geet d’VEFAen opzekafen, mee an en abordabele Wunnraum ze investéieren, awer och natierlech déi spezifesch Mesurë fir déi eenzel Leit.”
D’Vertrieder vun der Oppositioun, déi bereet waren, en Interview ze ginn, waren awer net iwwerzeegt.
Den David Wagner vun déi Lénk mécht drop opmierksam: “Mir hunn eng Schéier, dat si sou Projektiounen, datt d’Recettë manner héich si wéi d’Depensen. Do hu mer rëm eng Kéier och mat der aktueller Regierungspolitik ze dinn, déi alles mécht, datt d’Recetten erofginn, andeems och zum Beispill d’Betribsbesteierung erofgesat gëtt.”
De Franz Fayot vun der LSAP nennt dem Gilles Roth seng Finanzpolitik dowéinst och eng riskéiert Wett op d’Zukunft.
“Et gesäit een net, wou iergendwéi, contrairement aux annonces, géifen d’Depensen erofgesat ginn an da muss ee sech froen, wéi dat Ganzt soll opgoen. Dat weess ech net. Et gëtt och kee Plan B.”
De François Bausch vun déi Gréng gesäit dat änlech.
“Et gëtt sech do erhofft, datt d’Recettë méi héich sinn, wéi se natierlech geschat ginn. Dat ass dat eent. Dat Zweet ass, et gëtt villes beschriwwen, wat alles géif investéiert ginn, mee dat ass fir mech Schönfärberei, well ech gleewen net dorun.”
Dofir géif et schonn ze vill Ukënnegunge ginn, wéi eng Investitioune solle verréckelt ginn.