
Wéi et an engem Schreiwes vun der “Oppositiounsbeweegung” heescht, gouf d’Lëscht mat de Kandidate ronderëm de Jean-Marie Jacoby an dem Peter Freitag e Freideg deposéiert.
Nieft dem Jean-Marie Jacoby an dem Peter Freitag stinn den Tom Helbach, den Olivier Caisou-Rousseau an d’Frae Margarida Brites Nunes a Viviane Bruno op der Lëscht.
Et stéing ee fir Fridden, Fräiheet, Selbstbestëmmung, Souveränitéit a Vëlkerfrëndschaft an Eurasien, wat alles zesummen de Wuelstand vu Westeuropa géif sécheren. Deementspriechend wier ee géint déi haiteg EU, déi op ville Gebidder net am Aklang mat deenen Ziler stéing.