ChamberkommissiounOpschaffe vun der Date-Fuite beim Friddensgeriicht

Pierre Jans
A klenge Schrëtt gëtt d'Date-Fuite beim Friddensgeriicht aus dem Joer 2015 opgeschafft, déi viru gutt enger Woch public gouf.
© RTL Archiv

D'Justizministesch Sam Tanson an de Procureur général adjoint Jeannot Nies waren e Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun, fir déi neisten Erkenntnisser ze presentéieren. D'CSV mécht keng Reprochen, mä fuerdert, dass Infraktioune géint den Dateschutz nees penal verfollegt ginn.

Dateleak bei der Justiz - Reportage Pierre Jans

Wat ass bis elo gewosst?

Et handelt sech wuel net ëm en Agrëff vu baussen an de System. D'Justizministesch Sam Tanson schwätzt vun enger Sécherheetskopie: ''...déi erstallt gouf vun enger Persoun, déi an der Justiz geschafft huet a mëttlerweil och pensionéiert ass. Et handelt sech ëm Daten, déi 2015 warscheinlech als Sécherheetskopie erstallt goufen.''

Déi goufen op engem USB-Stick erëmfonnt, deem Stick, mat deem e Journalist sech beim Friddensgeriicht gemellt an och do ofginn hat. Wat ass d'Tëschestatioun tëscht Beamten a Journalist? "Dat ass déi kruzial Fro hei an deem Dossier. Wéi sinn déi Daten dohinner komm. De Jeannot Nies huet puer Hypotheesen opgestallt. Dat kann e Vol sinn, eng Perte, dass een et duerno fonnt huet. Et kann all Méigleches sinn, also do gëtt et ganz ganz vill Hypotheesen, wou et elo net de Moment ass, fir sech dozou ze äusseren, well et nach net kloer ass an d'Instruktioun dat muss erginn.'"

Op zwou Manéiere géif elo gepréift ginn. Eemol op organisatoreschem Niveau bannent dem Friddensgeriicht. An enger Instruktioun soll erauskommen a wéi enger Hypothees ee sech befënnt, ob den USB-Stick zum Beispill geklaut gouf.

Generell wär Mëssbrauch vun Date kee Kavaléiersdelikt, betount d'CSV a fuerdert dofir nees strofrechtlech Sanktiounen. De Gilles Roth: ''Dat ass net fir hei eng Hexejuegd ze maachen, mä et ass fir drop hinzeweisen, dass wann een a perséinlech Daten erageet, dass dat eng grave Infraktioun ass. Dofir mussen déi néideg penal Sanktioune virgesi sinn. Dat ass eng kloer Fuerderung déi mir als CSV gestallt hunn a mir ginn dovun aus, dass déi bei der Regierung net op daf Ouere gestouss ass.''

D'Justizministesch Sam Tanson: ''Ech verschléisse mech do natierlech kenger Diskussioun. Et muss ee just wëssen, dass dann dee ganze System muss geännert ginn, well en am Moment opgebaut ass op administrativ Sanktiounen.''

Majoritéit an Oppositioun ware sech eens, dass esou eng Affär net méi dierf virkommen.

Back to Top
CIM LOGO