
E Mëttwoch an en Donneschden sinn Debatten, ier dann iwwert de Budget ofgestëmmt gëtt.
D’Situatioun vun de Staatsfinanzen war e Méindeg och Sujet an der zoustänneger Chamberkommissiounen. Bei de Recette vum Zentralstaat gouf et e Plus vu 9,5% am Verglach mam éischten Trimester zejoert. Dat si ronn 525 Milliounen Euro,
Depensen sinn ëm 204 Milliounen Euro geklommen.De Finanzminister Minister Roth huet widderholl, datt d’Stéit steierlech sollen entlaascht ginn, duerch en Upassen vum Barème wier dat scho geschitt. Weideres kéim no.