Zu LëtzebuergOptakt vun der Pride Week

RTL Lëtzebuerg
An deem Kader ass e Méindeg den Owend zu Esch eng Commemoratioun-Zeremonie, fir den homosexuellen Affer ënnert dem Nazi-Regime ze gedenken.
© Rosa Lëtzebuerg (Archiv)

Dat Ganzt ass scho fir déi mëttlerweil 6. Kéier op der Resistenz-Plaz zu Esch. Déi ganz Woch iwwer sinn Evenementer geplangt.

Et ass déi mëttlerweil schonn 22. Kéier, dass dat Ganzt organiséiert gëtt vu Rosa Lëtzebuerg, déi d’Rechter vun der LGBT-Communautéit vertrëtt.

D'Pride Week selwer ass vum 3. bis den 11. Juli 2021. Méi Infoe ginn et op der offizieller Homepage vun der Pride Week, op LuxembourgPride.lu.

Back to Top
CIM LOGO