Grousse SuccèsOrthophoto op Geoportail schonn iwwer 20.000 Mol opgeruff

RTL Lëtzebuerg
Op Geoportail.lu kann ee Loftopname vu Lëtzebuerg aus dem Joer 1967 mat deene vun 2022 vergläichen. Bannent 2 Woche gouf den Tool 20.000 Mol opgeruff.
Orthophoto op Geoportail schonn iwwer 20.000 mol opgeruff
Zanter uganks dës Jores kann een op Geoportail.lu Loftopname vu Lëtzebuerg aus dem Joer 1967 mat deene vun 2022 vergläichen.

Den neien Tool vu Geoportail huet anscheinend vill Leit virwëtzeg gemaach. Si wollten zum Beispill wëssen, wéi d’Land nach ausgesinn huet, wéi de Kierchbierg nach Stécker a Wise war an et keng Autobunne gouf. D’Orthophoto vun 1967 um Geoportail gouf eleng an den éischten zwou Wochen, an deene se online war, schonn iwwer 20.000 Mol opgeruff.

An engem Reportage vum Magazin weise mer Iech, wéi vill Aarbecht dohannert stécht.

Back to Top
CIM LOGO