
Besonnesch stéiert si, datt d’Haaptduerchganksstroosse bis op wéineg Ausnamen och 2035 nach oppe fir d’Autoe bleiwe géingen, och datt net genuch fir sécher Vëlosweeër gemaach géif an datt den Tram net duerch d’Neipuertsgaass fuere soll. Domat géif d’Stad sech géint de massiven Ausbau vum ëffentlechen Transport wieren. D’Haaptlinn géing also net entlaascht an d’Passagéier missten op der zukünfteger Streck CHL–Areler Strooss op der Stäreplaz ëmklammen. Dat géif ofschrecken.