OpenthaltsgeneemegungPabeierform gëtt duerch Kaart mat Chip ersat

RTL Lëtzebuerg
Wien eng Openthaltsgeneemegung a Pabeierform huet, muss dës bis uganks August duerch eng Kaart mat biometreschem Chip ersetzen.
© Archiv

Concernéiert si Leit aus net-EU-Länner a Familljemembere vun engem EU-Bierger, déi hei am Land liewen. Wéi den zoustännege Ministère e Mëttwoch matdeelt, gëllt dat och fir Kaarten, déi eréischt no August géifen oflafen.

Alleguer d’Kaarte misste bis den 3. August ersat ginn, och fir Probleemer bei Reesen an d’Ausland oder administrativen Demarchen ze evitéieren, sou den zoustännege Ministère.

LINK: Offiziellt Schreiwes vum Ausseministère

Back to Top
CIM LOGO