
De Lëtzebuerger Staat huet dem Gilles Roth an dem Lex Delles no am Ganzen 3,7 Milliarden Euro fir d’Coronapandemie ausginn. Do drënner falen allerdéngs och Hëllefen an Héicht vun 976 Milliounen Euro, déi d’Betriber hu missen zréckbezuelen. Zum Beispill Avancen fir Kuerzaarbecht. Den Nettoimpakt op de Staatsbudget vun der Covidpandemie, déi jo viru bal genee 5 Joer hiren Ufank hat, chiffréiert sech deemno op 2,7 Milliarden Euro. 566 Milliounen dovunner sinn an déi direkt Gestioun vun der sanitärer Kris gefloss.
D’Betriber krute vum Staat mat am Ganzen ronn 3 Milliarden Euro ënnert d’Äerm gegraff. Eleng d’Kuerzaarbecht huet de Staat 1,2 Milliarden kascht. De Congé pour raisons familiales dann, fir deen nach konkret erauszepicken, huet ganzer 305 Milliounen Euro kascht.
Den DP-Deputéierten André Bauler wollt och Chiffere kréien, wéi vill de Lëtzebuerger Staat bis ewell fir déi militäresch Ënnerstëtzung fir d’Ukrain ausginn huet. Et sinn dat 246 Milliounen Euro Militärhëllef an nach emol 208 Milliounen fir humanitär Ënnerstëtzung an den Encadrement vu Flüchtlingen. De russeschen Ugrëffskrich geet jo de 24. Februar a säi véiert Joer. Indirekt gouf de Staatsbudget awer och besonnesch duerch déi 4 Mesurëpäck an Héicht vun 2,9 Milliarden Euro belaascht, déi zesumme mat de Sozialpartner ficeléiert gouf, fir d’Hausse vun den Energiepräisser ofzefiederen.