Bei der Aktualitéitsstonn op Demande vun déi Gréng hu sech d’Kriticke vun der Oppositioun géint d’Gestioun vun der Affär Caritas duerch d’Regierung an d’Roll vun de Banke wéi och dem Behuele vum Bistum geriicht.
Och wann nach Enquêten am Gaange sinn, hätt virun allem de Premier Luc Frieden vill Froen net beäntwert. Et géif u Kommunikatioun an Transparenz feelen, esou d’Djuna Bernard
“Dat ass den A an den O vum Krisemanagement an d’Käressenz vun ärer Aarbecht als Premier. An net nëmmen dir schéngt do nach Nachholbedarf ze hunn – dës Regierung deet sech de Moment nämlech a ville Fäll net ervir, fir reell wëllen nozelauschteren”
Rieds goung vu wéineg Empathie a kalem Häerz
An deem Kontext sot de Premier Luc Frieden:
"... dass ech et extreem perséinlech blessant fannen, wann gesot gëtt, dat wier e kaalt Häerz oder dat wär een, dee vu Sozialpolitik näischt géif verstoen, dat wier him egal, well wann et eis egal gewiescht wier, dann hätte mir gesot tant pis”
Et war an et wäert der Regierung net egal sinn, esou de Luc Frieden. Et géife sécher Froe bleiwen. Déi wieren awer bei Justiz a Bankenopsiicht.
De Marc Baum vun déi Lénk huet gemengt, dass de Luc Frieden am Privatsecteur mat esou engem Krisemanagement wéi am Fall Caritas carrement entlooss gi wier.
De Marc Spautz CSV huet nieft aarbechtsrechtleche Volete beim Ofwéckele vun der Caritas och gemengt, dass een d’Kommunikatioun an d’Responsabilitéit vun der kathoulescher Kierch beim Krisemanagement misst hannerfroen.
Och d’Taina Bofferding LSAP huet gemengt, dass de Bistum sech et ze einfach mécht an d’Caritas einfach fale gelooss hätt.
De Sven Clement vun de Piraten huet ënnert anerem virdru gewarnt, dass elo ee General-Verdacht géint d’karitativ Organisatiounen entstoe kéint.