Suivi Casier bisParquet erkennt d'Urgence net, sou d'CSV

Annick Goerens
Wéi laang bleiwe wéi eng Donnéeën am Justizsystem bestoen an ënnert wéi enge Konditioune kënnen dës consultéiert ginn?
© RTL-Archiv

Wéi laang bleiwe wéi eng Donnéeën am Justizsystem bestoen an ënnert wéi enge Konditiounen. De Suivi vum Casier-bis, also dem sougenannte geheime Casier, war e Mëttwoch de Moien um Ordre du Jour vun enger Jointe Justiz- a bannenzegt Sécherheet- Kommissioun um Krautmaart.

D'Procureur Général Martine Solovieff an de Procureur d'Etat Georges Oswald waren do fir een Echange de Vue mat den Deputéierten.

Suivi Casier-bis / Reportage Annick Goerens

D'Positioun vum Parquet wär kloer gewiescht, betount de President vun der Justizkommissioun Charles Margue.

„En huet beispillhaft dorop higewisen, dass, wann ee Saachen definitiv géing aus dem Verkéier zéien, dass dat technesch, praktesch immens schwiereg wär, souwisou, well si nach ëmmer vill ënner Pabeier fonctionéieren. Anerersäits [gëllt] et och fir déi betraffe Parteien, Affer souwuel wéi Täter, dass een do virsiichteg soll drun erugoen, ier ee Saachen definitiv aus der Welt géing schaffen.“

Den Droit à l'oubli géing den Täter an d'Kaarte spillen, hat d'lescht Woch eréischt d'Simone Flammang, Generalaffekotin vum Parquet général, bei eis op der Antenn betount.

Doriwwer den CSV-Deputé-Maire Gilles Roth:

„Ech mengen, ech war och erféiert, wéi eng Generalaffekotin seet, den droit à l'oubli wier ee Problem. Sou war nämlech dat gesot ginn. Den droit à l'oubli, dat ass eng international Rechtsnorm, déi gëtt et an all Länner vun der europäescher Unioun an de Prinzip zielt och zu Lëtzebuerg. Dass een natierlech Ënnerscheeder mécht, wat Infraktiounen ubelaangt, dat ass ganz kloer. Et ass um Legislateur fir cas per cas festzehalen, wann Infraktioune konservéiert ginn, gegebenfalls méi laang konservéiert ginn, opgrond vun hirer Gravitéit, sief dat beim crime organisé, sief dat bei Kandsmësshandlung, sief dat bei terroristeschen Akten. Mä da muss déi rechtlech Basis geschafe ginn, fir dass, fir esou Infraktiounen einfach spezial Fichiere bestinn, wann da Condamnatiounen do sinn, respektiv wa seriö Poursuitte gemaach ginn. Dat ass ganz kloer an dat versteet och jiddereen am Land.“

D'Oppositioun war hirersäits enttäuscht gewiescht iwwert d'Interventioun vun der Procureur Générale, seet den CSV-Deputéierte Gilles Roth.

„Mir haten d'lescht Woch eng ganz gutt Entrevue mat de Vertrieder vun der Police an haut hu mer gemengt, mir wieren an der Iechternacher Sprangprëssessioun, nämlech 3 Schrëtt zeréck a souwäit wéi virun engem Joer. Ech mengen, d'Procureur General huet gemengt, et wier keng schrecklech Urgence, fir ze handelen. Wou een awer muss wëssen, dass eng ganz Rei vu Fichieren, dass déi net am Aklang si mat den Dateschutzreegelungen. Dann ass och beméit a gesot ginn, et misst ee systematesch nach kënnen op d'A.T.en, also op d'Protokollen, zeréckgräifen, wou de Minister Bausch lescht Woch gesot huet, dass eng Millioun zerstéiert gi wieren.“

Et hätt ee sech positiv Léisungsvirschléi erwaart an net weider Problemer. Hei wär d'Politik, Majoritéit an d'Oppositioun méi wäit wéi aner Instanzen, sou de Politiker weider. D'Fuerderunge vun der CSV wäre kloer.

„Dass een eng Differenz mécht tëscht Condamnatiounen, déi och an engem Casier opgehuewe sinn, dass een Differenz mécht tëscht Leit, déi Accès hunn herno zu sensibelen Donnéeë vu Leit an dass een draschreift, dass sanctions pénales, dat heescht strofrechtlech Bestëmmunge sinn, wann een illegal Fichiere consultéiert. An da selbstverständlech, wann eng Affär verjäert ass, wann eng Affär klasséiert ass, well een non-lieu ass, ech mengen dann ass keen Zougrëff drop, well dat si Leit, déi sinn onschëlleg an d'présomption d'innoncence, déi zielt och zu Lëtzebuerg. Mir liewen an engem Rechtsstaat an net an engem Verdachtsstaat.“

Obwuel nach Meenungsverschiddenheeten ze spieren waren, wär ee sech op d'mannst tëscht der Regierung an der Oppositioun eens gewiescht, dass de Mëssbrauch vun den Donnéeën, déi an engem Archiv sinn, natierlech misst penaliséiert ginn, fir dass net liichtfankeg kéint mat Informatiounen ëmgaange ginn, sou nach de Charles Margue.

Back to Top
CIM LOGO