
E Sonndeg gouf op Initiativ vum brittesche Premier Starmer zu London ee Sommet iwwert d’Situatioun am Ukrain-Krich organiséiert. Nieft der Ukrain waren, mat Ausnam vun den USA, déi gréissten Ënnerstëtzer mat dobäi. Um Enn gouf ënner anerem festgehalen, datt Groussbritannien a Frankräich ee Plang fir eng Wafferou vun engem Mount ausschaffen, deen da vun den USA matgedroe soll ginn.
E Méindeg da war de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden an der aussepolitescher Chamberkommissioun, fir d’Deputéiert op deen neiste Stand ze bréngen. Iwwert de Plang vu Groussbritannien a Frankräich wollt hien no der Sëtzung näischt soen. Hie wier net zu London mat dobäi gewiescht a wéilt elo mol den EU-Sommet en Donneschdeg ofwaarden an héieren, wat den ukrainesche President Selenskyj ze soen huet. Op d’Fro, ob Lëtzebuerg am Ukrain-Konflikt eng Vermëttlerroll iwwerhuele kéint, war et dës Ausso vum Premier:
“Ech mengen do sinn déi Länner mat groussen Arméien, mat Budgetsdepensen, déi vill méi zolidd sinn, wéi Frankräich, wéi England, natierlech an enger anerer Situatioun wéi Lëtzebuerg. Mir struewele schonn, fir iwwerhaapt op déi 2 Prozent vum RNB ze kommen, déi mer eigentlech an der NATO missten ausginn, mir sollen eis op déi Aufgabe konzentréieren. Mee par ailleurs kann ech Iech soen, datt ech ganz vill Zäit um Telefon mat anere Premierministere verbréngen.”
Och dozou, ob Lëtzebuerg sech un enger “Koalitioun vun de Wëllege” bedeelege géing, wollt de Luc Frieden net ze vill soen. Et wier ee bis elo net gefrot ginn. Kloer wier awer, datt Europa méi a seng eege Verdeedegung investéiere misst, allerdéngs ouni dobäi aner Politikfelder aus dem Bléck ze verléieren.
Datt op Europa mat Bléck op d’Defense grouss Erausfuerderungen duerkommen, där Meenung ass och d’Spriecherin vun der politescher Sensibilitéit vun deene Gréngen, Sam Tanson.
“Mir gesinn, datt mer net méi kënnen am selwechte Mooss op d’Amerikaner zielen, sou datt mer och der Meenung sinn, datt mer gegebenenfalls eis Investitiounen an eis Verdeedegung mussen erhéijen. Zum Envoi vun Truppen op den ukrainesche Buedem: ech denken net, datt mir als Lëtzebuerg do un alleréischter Stell gefuerdert sinn, do si lo virun allem déi grouss Natiounen, déi sech lo mol Gedanke maachen an do steet och nach ganz Villes am Onkloren.”
Och den LSAP-Deputéierte Franz Fayot ass der Meenung, datt een domadder rechne muss, datt déi amerikanesch Ënnerstëtzung noloosse wäert. Hie wërft der Regierung an deem Punkt Naivitéit vir.
“Ech hunn e bëssi d’Impressioun, datt déi Urgence an déi Gefor, déi wierklech do lauert, nach net wierklech erkannt ginn ass bei der Regierung. Et gëtt nach ëmmer gesot, mir brauchen d’Amerikaner a mir dierfen d’Amerikaner lo net virun de Kapp stoussen. Wat richteg ass, dat amerikanescht Vollek ass ee Frënd vun Europa, mee déi Regierung, déi lo do ass, ass ganz sécher kee Frënd vun eis.”
Op europäeschem Niveau wier dat awer anescht, datt hätt virun allem de Sommet zu London bewisen.
De liberale President vun der Kommissioun, Gusty Graas, gesäit och Lëtzebuerg an der Flicht, ee Bäitrag ze leeschten.
“Op eng Manéier ass et wierklech schued, datt elo méi an d’Securitéit an d’Defense muss investéiert ginn, mee et ass eng Verflichtung, déi mer och hunn. An och mir musse kucken, wéi mer déi néideg Moyene kënne schafen. An éischter Linn gesinn ech natierlech rëm eng Kéier Europa. Europa muss vläicht sech och eeneg sinn, datt gewëssen Emprunten zesummen opgeholl ginn, datt d’BEI méi eng grouss Roll muss spillen. Mee och Lëtzebuerg muss ee Signal no bausse weisen, well mir hunn nach Moyenen.”
Positiv un der aktueller Situatioun wier op d’mannst, datt Groussbritannien an d’EU sech rëm méi no géinge kommen.
Wat d’Investitiounen an d’Verdeedegung ugeet, ass ee bei der ADR vill méi kritesch. Déi Sue géingen deels op anere Plaze gebraucht. Dofir géing een all Beméiung fir ee Fridden ënnerstëtzen. Fir de Fraktiounspresident Fred Keup stinn d’Interesse vun der Ukrain dobäi net un éischter Plaz.
“Wat ganz wichteg ass, ass, datt mir eis europäesch Interessen am Bléck halen an eis net diktéiere loossen, och net vum Selenskyj, wat mir ze maachen hunn. Et dierf een och ni vergiessen, datt dat Ganzt ganz vill Geld kascht. An ech mengen, datt déi europäesch Populatiounen net méi bereet sinn, dat nach laang matzemaachen, well mir hunn hei och ganz vill Problemer.”
Den David Wagner vun déi Lénk ass net onbedéngt géint eng gemeinsam europäesch Verdeedegung. Hie proposéiert awer, dat op eng aner Aart a Weis wéi an der Vergaangenheet ze maachen.
“Ob een net an d’Richtung géing goen, dann éischter iwwert ee Service public ze fueren, deen dat iwwerhëlt. Well mir hunn awer Schwieregkeeten domadder, d’Defense der Privatwirtschaft ze iwwerloossen, well dat an eng ganz aner Richtung geet. An datt een do ee militäreschen ekonomesche Komplex opbaut, deen dono souwisou gezwongen ass, sech permanent opzerëschten an iergendwann ass een an enger Militariséierungsspiral, déi net gutt ass fir de Fridden.”
Déi Lénk bréngen dann och d’Iddi an d’Spill, d’Ukrain doduerch ze ënnerstëtzen, andeems een dem Land d’Scholden erléisst. Dorobber wier de Premier e Méindeg de Moien awer net agaangen.
De Piraten-Deputéierte Marc Goergen huet iwwerdeems kritiséiert, datt de Luc Frieden nach dorobber setze géing, d’Ukrain an eng méi staark Verhandlungspositioun ze bréngen. Hie géing par contre dofir plädéieren, Friddensgespréicher ze féieren, esou laang Amerika sech nach net ganz zeréckgezunn huet. Wat d’Oprëschtung an Europa ugeet, sollt dës iwwerdeems och mat amerikanesche Waffe realiséiert ginn. Et géing nämlech och eng Zäit no der Presidence vum Donald Trump ginn.