“D’Patten ewech vun eise Sonndeger, vun eise Feierdeeg, vun eisen Aarbechtszäiten”, dat gouf en Donneschdeg de Moie bei enger weiderer Aktioun vum OGBL an LCGB betount, fir sech géint d’Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten staark ze maachen.
Virun iwwer 300 Leit hu béid Gewerkschafte gemeinsam an der Chambre des salariés zu Bouneweg kloer gemaach, datt et hei net just ëm Aarbechtszäiten, mee ëm d’Mënscheliewe géif goen. Iwwer 50.000 Salariéeë wiere betraff an de Gros wier kloer géint eng Extensioun vun den Ouvertureszäiten. D’Familljen- an d’Privatliewe vun de Leit géif kloer dorënner leiden an, nieft dem Commerce, wieren an Zukunft och aner Secteure betraff, wéi zum Beispill de Botzsecteur, d’Sécherheetsfirmen oder d’Crèchen.
Den 28. Juni ass eng grouss national Maniff vun der Gewerkschaftsfront geplangt. Ma och scho virdru wëll ee mat Aktiounen, zum Beispill fir Vältesdag, oder op de grousse Garen, weider op de Sujet opmierksam maachen an d’Leit mobiliséieren.