2030 a Saudi-ArabienPaulette Lenert als Kommissärin fir d'Weltausstellung zu Riad confirméiert

Marc Hoscheid
D’Paulette Lenert ass elo definitiv zur Kommissärin fir de Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung 2030 zu Riad a Saudi-Arabien ernannt ginn.
© Chris Schagen

Parallel dozou gouf si vum Ausseminister Xavier Bettel als Staatsbeamtin an de Ministère du Commerce extérieur reintegréiert. Dës Informatioune krut RTL aus Regierungskreesser confirméiert.

Déi fréier Ministesch an LSAP-Spëtzekandidatin bei de leschte Chamberwalen hat jo scho viru ronn engem Mount als Invité vun der Redaktioun hiren Interessi un deem Job hannerluecht. De Xavier Bettel hat sengersäits Ufank leschter Woch bei eis op der Antenn gesot, datt d’Paulette Lenert op dee Poste genannt soll ginn.

D’Weltausstellung zu Riad a Saudi-Arabien wäert vum 1. Oktober 2030 bis den 31. Mäerz 2031 daueren. No der Expo an de Vereenten Arabeschen Emirater 2020 ass et déi zweet Weltausstellung an engem arabesche Land. D’Organisateure rechne mat méi wéi 40 Millioune Visiteuren.

© FAYEZ NURELDINE/AFP

Back to Top
CIM LOGO