Pic erreechtPeegelen op der Musel fale schonn erëm

RTL Lëtzebuerg
Op der Musel schéngt de Pic vum Peegel erreecht, nodeems de Grenzfloss zanter zwee Deeg ferm geklomme war.
© Domingos Oliveira (Archiv)

Et besteet keen Héichwaasser-Risiko méi fir d’Musel. De Peegel hat zu Stadbriedemes mat 5,23 Meter d’Côte de vigilance vu 5,30 Meter net erreecht, d’Tendenz zu Stadbriedemes an zu Réimech weist elo no ënnen.

Zu Gréiwemaacher soll de Peegel elo mol bei 5,10 Meter bleiwen. D’Waasserwirtschaftsamt rechent aktuell net dermat, dass d’Musel nees klëmmt.

Back to Top
CIM LOGO