CGDISPersoun zu Rolleng ugestouss, Dikrecher CR351 no Accident bis Dënschdegmoien zou

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am Nomëtte gouf de CGDIS nees op eng Rei Plazen am Land geruff. Zwou Persoune si bei Accidenter blesséiert ginn.
© Domingos Oliveira

Géint 13.54 Auer war et en Accident op der Route de Thionville zu Hesper, bei deem zwee Autoen aneneegerannt sinn, blesséiert gouf hei awer keen.

Um 13.57 Auer hat et dunn um Kierchbierg an engem Appartement an der Rue Leon Thyes gebrannt, ma och hei ass kee blesséiert ginn.

Um 16.18 Auer gouf zu Rolleng bei Miersch eng Persoun ugestouss a blesséiert. D’Rettungsekippe vu Miersch a vu Lëntgen waren am Asaz.

E weidere Blesséierte gouf et dann och nach géint 16.34 Auer um CR351 zu Dikrech. E Chauffer huet hei aus bis ewell onbekannte Grënn d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer an ass géint eng Stëtzmauer gerannt. Den Auto ass réischt no e puer Meter zum Stoe komm. De Chauffer koum an e Spidol. Wéi et op Nofro e Méindeg den Owend geheescht huet, wäert den CR351 tëschent Ierpeldeng an Dikrech wéinst dem Accident nach bis en Dënschdegmoie gespaart bleiwen. En Dënschdeg de Moie mellt d’Police dann, dass de Chauffer gedronk hat an de Fürerschäin nach op der Plaz agezu gouf.

Back to Top
CIM LOGO