Schonn iwwer 6.500 StëmmenPetitioun fir méi LGBTQ+-Sujeten am Schoulunterrecht huet de Seuil erreecht

RTL Lëtzebuerg
Bannent nëmme 6 Stonnen hat d'Géige-Petitioun déi néideg 4.500 Ënnerschrëften. 

Keng LGBT-Sujeten an der Schoul bei mannerjärege Schüler, dat verlaangt jo eng Petitioun, déi bis elo ronn 8.700 Ënnerschrëfte krut. D’Géige-Petitioun fuerdert elo, datt genee dës Themen an der Educatioun gestäerkt solle ginn.
Si gouf zënter e Freideg de Moie méi wéi 6.500 mol um Site vun der Chamber ënnerschriwwen an dierft domat also och en ëffentlechen Debat an der Plenière kréien.

Wéi ëmmer muss bei béide Petitiounen ofgewaart ginn, datt d’Signaturen an der zoustänneger Chamberkommissioun validéiert ginn, nodeems den Delai fir z’ënnerschreiwen ofgelaf ass.

D’Presidentin vun der Petitiounskommissioun Francine Closener hat eis an der Woch gesot, datt eventuell kéint gekuckt ginn, déi zwou Petitiounen zesummen ze debattéieren, sollt och d’Géigepetitioun duerchkommen, wat jo lo dierft de Fall sinn.

Back to Top
CIM LOGO