E Kaffisbecher per App ausléinenPilotprojet Spin vu Valorlux gouf lancéiert

Tim Morizet
A 15 Geschäfter an der Stad kënnen d'Clientë fir maximal 12 Deeg ee Becher ausléinen. Fir ze iwwerpréiwen, wou de Becher drun ass, huet en ee QR-Code.
E Kaffisbecher per App ausléinen: Lancement vu Pilotprojet Spin vu Valorlux
A 15 Geschäfter an der Stad kënnen d’Clientë fir maximal 12 Deeg ee Becher ausléinen. Fir ze iwwerpréiwen, wou de Becher drun ass, huet en ee QR-Code.

E Méindeg huet d’Valorlux hire Pilotprojet Spin lancéiert. D’Iddi dohannert ass et, Bäckeren, Caféen a Restauranten Emballagen unzebidden, déi erëm benotzt kënne ginn. Hannergrond ass d’Offallgesetz. Vum 1. Januar 2025 un ass d’Erausgi vu Verpackungen, déi just eemol kënne benotzt gi, verbueden. Dat bezitt sech souwuel op d’Vente à emporter ewéi och op d’Livraisounen. An enger éischter Phas konzentréiert sech d’a.s.b.l. op Bechere mat oder ouni Deckel, déi ee gratis ausléinen an zréckgi kann. Funktionéiere soll dat Ganzt iwwer eng App.

Lancement vu Pilotprojet Spin vu Valorlux / Sabrina Backes

Iert de Client sech op der Plaz e Becher ausléint, muss e sech d’Spin-App eroflueden a sech registréieren. Da kann en de Becher ausléinen, andeems en de QR-Code scannt. Den Haaptënnerscheed géintiwwer anere bestoenden Offere wier, dass d’Ausléinen digital ofleeft. D’Corinne Bremer, Responsabel fir nohalteg Entwécklung bei der Valorlux: “Firwat digital? Well dat Digitaalt et eis erlaabt, zu all Moment all Artikel duerch déi ganz Boucle ze tracéieren, mir wësse wou eis Emballagen dru sinn, si se beim Client, si se beim Wäschen oder an der Logistik. A sou kënne mer d’Rotatioun och beweisen.”

Fir maximal 12 Deeg kann de Client de Becher ausléinen an en da rëm op engem Point de collecte zréckginn. Ass dat net de Fall, muss de Client eng Kautioun vu 5 Euro bezuelen. Bei der Registratioun iwwer d’App gëtt dowéinst ëmmer och e Moyen de paiement erfaasst.

Der Valorlux wier et wichteg, eng Léisung ze fannen, déi esouwuel dem Horeca-Secteur, ewéi dem Konsument entgéint kënnt.

“Et mécht et éischtens fir de Consommateur méi einfach, well dee sech net vu Geschäft zu Geschäft muss ëmstellen an net eng aner Léisung muss unhuelen. A fir d’Geschäfter natierlech och, well et einfach eng gewësse Koherenz gëtt a si sech och net ëm ganz vill këmmere mussen.”

Fir d’Zukunft kéint ee sech virstellen och aner Emballagen erauszebréngen. Et wéilt een awer alleréischt emol kucken, wéi de Becher ukënnt. Den Direkter vun der Valorlux Claude Turping:

“Dat hei nenne mir bewosst e Pilotprojet, well mir keng Méiglechkeet hunn, anzeschätzen, wéi Clienten op de System reagéieren. D’Iddi ass et kloer ze expandéieren op aner Verpackungen, mir hunn awer mam Becher ugefaangen, well mir de Becher als Emballage méi einfach fannen, wéi eng elo Zalot- oder eng Pizzakëscht.”

Fir den Ufank maachen emol 15 Geschäfter aus der Stad mat. Et kéint ee sech awer och virstellen, de Projet deemnächst op weider Plazen auszedeenen a mat weidere Partner zesummen ze schaffen.

D’Applikatioun kann een zanter e Méindeg ënner dem Numm “Spin by Valorlux” eroflueden.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO