
Besonnesch eeler Leit sollte bei héijen Temperaturen oppassen. An engem Altersheem zu Réimech, an deem ronn 120 Leit wunnen, ginn dofir speziell Mesurë geholl.
D’Raim ginn ofgekillt, d’Bewunner gi reegelméisseg un d’Drénken erënnert an et ginn erfrëschend Smoothien a kal Platen ugebueden.
Och d’Aktivitéite ginn un d’Hëtzt ugepasst. Zousätzlech stinn Hitt, Waassersprayen a Fächeren zur Verfügung.
D’Zil ass et, datt d’Bewunner déi waarm Deeg esou sécher a komfortabel wéi méiglech kënne verbréngen.