Kläpperei zu DiddelengPolice fënnt e Messer, eng Schreckschosspistoul an Drogen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch am spéiden Nomëtteg krut d'Police eng Kläpperei zu Diddeleng an der Rue de la Vallée gemellt.

Tëscht zwee Jugendleche war et zu enger Ausenanersetzung komm. Allebéid si verwonnt ginn. Op der Plaz huet d’Police e Messer, eng Schreckschosspistoul an Droge fonnt. Op Uerder vum Parquet koumen déi zwee Verdächteg an de Centre Socio-Educatif de l’Etat op Schraasseg.

Back to Top
CIM LOGO