
Zu Diddeleng koum et e Freidegowend beispillsweis zu enger Kläpperei tëschent zwou Persoune virun engem Lokal an der Rue des Minieres. Ee vu béiden Involvéierte koum an d’Spidol, firwat et zum Sträit koum, ass net gewosst.
Dee selwechten Owend krut d’Police e staark alkoholiséierte Mann gemellt, deen an der Déifferdenger Grand-Rue an d’Strooss sprangen an u Verkéiersschëlder rappe géing.
Nodeems sech erausgestallt huet, datt hien op de Buedem gefall ass, wéi e versicht hat, op e Blummebac ze klammen, koum hie fir eng Kontroll an d’Spidol. Hei huet sech de Mann onkooperativ an aggressiv verhalen, sou datt en an Arrest koum.