Ze déif an d'Glas gekucktPolice huet wéinst Alkohol um Steier nees zwee Permise mussen anzéien

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem war der Police géint 11.30 Auer een Auto gemellt ginn, deen zu Keel am Zickzack ënnerwee war.

D’Beamten hunn d’Gefier op engem ëffentleche Parking fonnt. De Chauffer souz nach hannert dem Steier an huet däitlech no Alkohol geroch. Den Alkoholtest war dann och positiv an de Mann krut de Fürerschäin ofgeholl.

Géint 2 Auer an der Nuecht gouf d’Police kontaktéiert, well um Houwald ee Mann an engem Auto wier, deen net reagéiere géing. Wéi eng Patrull an de CGDIS op der Plaz waren, hu si ee Mann fonnt, deen an engem Gefier geschlof huet. Och hei ass den Alkoholtest positiv ausgefall an de Permis ass mol fir eng Zäitche fort.

Back to Top
CIM LOGO