Nieft Randaléierer an DéifställPolice krut nees Abréch zu Déifferdeng an um Belair gemellt

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vum Donneschdegnomëtten an Owend hat d'Police et mat Leit, déi sech donieft beholl hunn, Handy-Déiwen, an zwee Abréch ze dinn.

En Donneschdeg am Nomëtteg war et deemno en alkoholiséierte Mann an der Lonkecher Strooss zu Rodange, dee randaléiert huet a virun Autoe gesprongen ass. Hien huet sech vun der Police net berouege gelooss a gouf an Arrest bruecht. Och zu Esch huet sech en alkoholiséierte Mann virun engem Restaurant an der Avenue Rock n Roll donieft beholl an huet musse vun der Police immobiliséiert ginn.

En Donneschdegowend war et en Déifstall zu Beetebuerg, iwwer deen d’Police informéiert gouf. Zwee Jugendlecher hunn hei op enger Bushaltestell enger Fra den Handy aus der Hand gerappt a sinn dunn a Richtung Gare gelaf. D’Police huet eng Enquête lancéiert.

Abréch zu Déifferdeng an um Belair

Och krut d’Police zwee Abréch vun en Donneschdegowend gemellt, dorënner eemol an der Rue de Hussigny zu Déifferdeng an engem Eefamilljenhaus an an der Rue Astrid um Belair an eng Wunneng, wou Bijouen a Boergeld geklaut goufen.

D’Police weist an deem Kontext op eng Rei Rotschléi hin, wéi ee sech präventiv virun Abréch schütze kann.

Back to Top
CIM LOGO