Haaptsächlech am Süde vum LandPolice mellt alkoholiséiert Chaufferen a sëllegen Abréch

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Stonne krut d'Police e puer Abréch gemellt. Dat zu Siren an zu Féiz. Op anere Plaze sinn Automobilisten negativ opgefall.
© RTL Archivbild

E Méindegnomëtteg krut d’Police en Abroch an en Eefamilljenhaus an der Alzenger Strooss zu Siren gemellt. Hei goufen d’Raim duerchwullt. Ee weideren Abroch gouf et nach an der Nuecht op en Dënschdeg, dat en een Haus an der Rue Theordore de Wacquant zu Féiz. Hei goufe Mënz an en eidele Safe geklaut.

A béide Fäll war d’Spueresécherung op der Plaz an et goufen Ermëttlunge lancéiert.

Permisen agezunn

E Méindeg den Owend krut d’Police op der Héicht vun engem Café an der Rue de la Montagne zu Schëffleng en alkoholiséierte Chauffer gemellt. D’Gefier konnt spéider gestoppt ginn an en Test beim Chauffer war positiv. De Permis war dono fort.

Méi spéit gouf der Police e weideren alkoholiséierten Automobilist gemellt, deen zu Leideleng an der Rue de la Gare wuel eng Pann mat sengem Auto hätt. Op der Plaz hunn d’Beamten de Mann a säi beschiedegt Gefier virfonnt. Och hei war den Otemtest positiv an de Fürerschäi provisoresch agezunn.

An der Nuecht dunn zu Diddeleng gouf nach ee Chauffer gemellt, deen ze déif an d’Glas gekuckt hat. Hie wier mat sengem Won widder d’Dekoratioun vun engem Café gerannt. Eng Patrull huet dat beschiedegt Gefier dann och kuerz drop gestoppt kritt, den Test war positiv an och hei gouf e Fuerverbuet ausgestallt. Bei der Kontroll gouf nach Pefferspray séchergestallt.

Back to Top
CIM LOGO