E SamschdegowendPolice mellt nees Abréch, respektiv Abrochversich

RTL Lëtzebuerg
Sou goufen zu Weiler zum Tuer an der Rue du Hassel zwee Täter vun de Residenten dobäi erwëscht, wéi si versicht hunn, an en Haus anzebriechen.

Si sinn doropshi geflücht a konnte bis ewell och net erëmfonnt ginn.

Dee selwechten Owend gouf et dann nach en Abroch an en Appartementshaus zu Mëlleref an der Strooss An de Bongerten. Och hei hu sech Policeinformatiounen no zwee Täter Accès zu enger Wunneng verschaf an hei eng Rei Schief duerchwullt. Och si konnte bis ewell net fonnt ginn.

D’Police huet a béide Fäll eng Enquête lancéiert. Tipps, wéi Dir Iech virun Abréch schütze sollt, fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO