Baggerweier zu RëmerschenPolice pëtzt Chauffer, deen Droge consomméiert hat

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg war der Police am Oste vum Land ee verdächtege Won opgefall.
© RTL-Archiv

Een Auto stoung mat lafendem Motor op engem Parking op der Héicht vun de Baggerweier zu Rëmerschen. Bei enger Kontroll vum Chauffer sinn de Beamten op Patrull däitlech Zeeche vun Drogekonsum opgefall, heescht et am Policebulletin. Am Won hunn d’Poliziste Reschter vun Droge fonnt an et gouf ee Protokoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO