ChrëschtmäertPolice rifft zu Virsiicht op

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun de Chrëschtmäert uechter d'Land kënnegt d'Police Presenz un a rifft d'Bevëlkerung zu Virsiicht géigeniwwer Onéierlechem op.
© Police Lëtzebuerg

Iwwerall am Land wäerte Patrullen ënnerwee sinn, besonnesch awer op de Stater Chrëschtmäert. An deem Kontext gëtt d’Police eng Rei Rotschléi mat op de Wee, fir sech géint Onéierlecher ze schützen.

Besonnesch opmierksam soll ee sinn, wann ee sech an enger Wull vu Mënsche befënnt. Hei gëtt recommandéiert, de Portmonni an der banneschter Jackettstäsch ze halen an z’evitéieren, datt aner Leit den Inhalt vun dësem gesinn. Iwwerhaapt soll een oppassen, datt een nëmmen déi Bankkaarten a Geldzommen dobäi huet, déi een och wierklech brauch.

Zu kengem Zäitpunkt sollt ee seng Posch aus den Ae loossen. Am beschten hält ee se ëmmer tëscht dem Aarm an dem Kierper, d’Ëffnung no banne gedréint.

Schliisslech gëtt och appelléiert, de kierperleche Kontakt mat frieme Leit z’evitéieren an eng Distanz ze halen.

Méi Rotschléi, fir sech géint Déifställ ze schützen, fannt Dir um Site vun der Police.

Back to Top
CIM LOGO