
Ee Cyclist war dee Sonndeg zu Heeschdref op der Route de Luxembourg a Richtung Boufer ënnerwee an huet säin Aarm ausgestreckt, fir ze signaliséieren, datt hien no lénks an d’Rue Jean Koenig wéilt erafueren.
Deen Ament koum vun hannen awer ee Motocyclist ugefuer, ass an den ausgestreckten Aarm vum Cyclist gerannt an ass fortgefuer, ouni sech ëm dee Blesséierten ze këmmeren. De Cyclist sengersäits huet d’Kontroll iwwert säi Vëlo verluer an ass gefall.
D’Police sicht an deem Kader elo no Zeien oder méiglechen Hiweiser zum Motorrad, dat de Cyclist getraff huet. Gesicht gëtt no engem schwaarze Motorrad. De Chauffer selwer hat och schwaarz Motorradskleeder un, genee wéi ee schwaarzen Helm.
Aenzeien an och de Motorradschauffer selwer si gebieden, sech um Policebüro vu Miersch ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 90 1000 oder per E-Mail u police.mersch@police.etat.lu ze mellen.