Zeienopruff siwe Méint duernoPolice sicht no arméiertem Iwwerfall op Geschäft zu Keel no verdächteger Persoun

RTL Lëtzebuerg
Den 13. Abrëll géint 14.30 Auer hat an der Rue du Commerce zu Keel eng arméiert Persoun e Geschäft iwwerfall.

D’Police sicht an deem Zesummenhang no Leit, déi Informatiounen zu der verdächteger Persoun op de Fotoe kéinten hunn. Wien eppes weess, gëtt gebieden, sech beim Service de Police Judiciaire ënnert der Nummer (+352) 244 606140 oder per Mail un spj.rgb@police.etat.lu ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO