
Méi genee gouf d’Fra e Méindeg, den 13. Januar, tëscht 18.40 an 18.45 Auer beim Rond-point op der Areler Strooss op der Héicht vum Akafszenter Belle-Etoile vun engem Auto ugestouss.
An deem Kontext sicht d’Police Zeie vum Accident. Wien Informatiounen iwwer den Oflaf vum Accident huet, ass gebieden, sech beim Policebüro vu Capellen ënnert der Nummer (+352) 244 30 1000 oder per Mail u police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu ze mellen.