Virfäll vun e SamschdegPolice sicht Zeien no Abréch zu Gräisch an zu Bëschdref

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et e Samschdeg an den Owesstonnen zu Abréch an zwou Gemengen.
© RTL Archivbild

Tëscht 19 an 19.30 Auer gouf an der Rue Seintchen zu Gräisch agebrach, wéi d’Police präziséiert, an tëscht 17.30 an 22.30 Auer och nach emol zu Bëschdref an der Strooss “Am Moul”.

D’Täter hu sech a béide Fäll iwwer eng Fënster en Zougang an d’Raimlechkeete verschaaft a sinn och allkéiers an eng onbekannte Richtung geflücht. Ermëttlunge goufe lancéiert.

D’Police sicht dann awer no Informatiounen. Wien eng verdächteg Persoun oder Gefier am Ëmkrees vu béiden Uerter an ëm de genannten Zäitraum gesinn huet, soll sech beim Service vun der Police Judiciaire um Nummer (+352)244601140 (regulär Büroszäiten) mellen oder per E-Mail op spj.rgb@police.etat.lu.

Allgemeng méi Abréch landeswäit

D’Police huet festgestallt, dass iwwerall am Land Abriecher hiert Onwiesen dreiwen. An deem Zesummenhang soll een all verdächteg Persoun direkt um 113 mellen. Si erënneren och nach emol un hir Präventiounstipps.

Back to Top
CIM LOGO