BruchPolice sicht Zeien no Accident mat Auto a Foussgänger
RTL Lëtzebuerg
De 4. Mäerz 2025 tëscht 9.45 an 10.30 Auer koum et zu Bruch an der Route d'Arlon zu engem Accident mat engem Auto a Foussgänger.
Update: 09.12.2025 10:13
Eng Foussgängerin ass dobäi liicht blesséiert ginn. An deem Zesummenhang sicht d’Police elo no Zeien. All d’Informatioune si fir d’Police vu Miersch ënnert der Nummer (+352) 244 90 1000 oder per E-Mail u police.mersch@police.etat.lu.