
Déi Onéierlech soen de Leit, dass e Problem op hirem Computer festgestallt gouf, a schloen hinne vir, dëse via Telefon ze behiewen. Dofir bréichte si allerdéngs Zougang zum Computer. Ausserdeem froe si d'Affer no hire Bankdonnéeën, fir eng Rechnung vun der Reparatur ausstellen ze kënnen.
Fir sech virun dësem Phishing-Versuch ze schützen, réit d'Police den Awunner, keng Uriff vun onbekannten Nummeren entgéintzehuelen, keng perséinlech Date per Telefon weiderzeginn a soubal een Zweiwel huet, einfach anzehänken.
Wien Affer vun esou enger Bedruchsmasch ginn ass, kritt iwwerdeems geroden, eng Plainte bei der Police ze maachen.
Weider Informatiounen iwwert dëse Phishing-Versuch kënnt Dir hei noliesen.