LSAP-Nationalkongress zu DiddelengPolitesch Ried vun de Parteipresidenten: "Ni mat riets!"

Monique Kater
An dësen onsécheren Zäite misst eng Partei de Leit weisen, dass se eng Zukunft hunn. Et misst een elo zesummenhalen, de Kapp net hänke loossen.
Politesch Ried vun de Parteipresidenten: "Ni mat riets!"
An dësen onsécheren Zäite misst eng Partei de Leit weisen, dass se eng Zukunft hunn. Et misst een elo zesummenhalen, de Kapp net hänke loossen.

E Sonndeg de Moie ass d’LSAP zu Diddeleng fir hiren Nationalkongress zesummekomm. Wichtegste Punkt um Ordre du Jour ass eng Statutte-Reform, déi déi gréissten Oppositiounspartei e Sonndeg ofseene wëllt.D’Politik wier gefuerdert, an d’LSAP prett, dës Responsabilitéit z’iwwerhuelen.

D’Diana Hoffmann live vum LSAP-Nationalkongress zu Diddeleng

Riets géif sech de soziale Mäntelchen undoen, stéing awer fir d’Spaltung, sou d’Parteipresidenten um Kongress. D’Sozialisten hätte “riets” ëmmer bekämpft a géifen dat och weider maachen. E Prinzip deen an enger Resolutioun festgehalen ass. Déi steet um Kongress zum Vott.

Ronn 300 Delegéierter waren zu Diddeleng um Nationalkongress, dee sech iwwer 50 nei Membere freet. Och u si de Message, dass d’LSAP eng Friddenspartei wier an dass et keng Demokratie ouni sozial Gerechtegkeet géif ginn.

Eng 2. Resolutioun gesäit de Sozialdialog als Pilier vum Lëtzebuerger Modell vir, dee sollt dat och bleiwen. Béid Resolutioune wäerten wuel ouni zweiwel vum Kongress ugeholl ginn.

Béid Resolutioune goufen dann och um kuerz viru Mëtteg e Sonndeg um Kongress ugeholl, genee sou wéi och d’Statuten.

Back to Top
CIM LOGO