No Brand zu IechternachPompjeeën hunn e Freideg den Owend nach emol mussen an den Asaz

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Mëtteg huet den Daach vun engem Haus an der Rue André Duchscher gebrannt.
© Domingos Oliveira (RTL)

Wéi de Pressebüro vun der Police matdeelt hat, haten d’Rettungsekippen op der Plaz de Brand am Gespär séier ënner Kontroll an hunn dofir gesuergt, dass d’Flame vum Brand net op aner Gebaier iwwergaange sinn.

De Brand selwer war an engem Gebai an der Rue André Duchscher zu Iechternach ausgebrach. Op der Plaz waren zwee Tankween vun de Pompjeeën an eng grouss Leeder fir besser un de Brand ze kommen. Involvéiert waren d’Rettungsekippen vun Iechternach, Konsdref, Mäertert a Jonglënster.

Am CGDIS-Bulletin um Samschdeg de Moien ass ze liesen, dass d’Pompjeeën e Freideg géint 22.15 Auer nach emol wéinst dem Brand hu mussen an den Asaz.

Back to Top
CIM LOGO