An de meeschte Caféen a Restaurante ginn déi streng sanitär Oplagen a Recommandatioune vun der Santé ganz seriö geholl a minutiéis ëmgesat. Dat selwecht gëllt och fir d’Majoritéit vun de Clienten. Souwuel déi 1,5-Meter-Distanz, sou wéi den obligatoresche Mask, schéngen de Wee an d’Normalitéit fonnt ze hunn.
Och haut froe sech nach vill Café- a Restaurant-Besëtzer, wisou si hir Terrassen net éischter konnten opmaachen. Eng aner Kritik ass och nach déi kuerz Zäitspan, déi tëschent der Decisioun louch, fir Terrassen erëm opzemaachen an der Ouverture selwer.
Vill Etablissementer goufe vun der kuerzfristeger Decisioun iwwerrascht, konnte sech net op d’Ouverture virbereeden. Soss begréisst de Secteur d’Decisiounen a Mesuren, déi am Kader vun der Reouverture gemaach goufen, obwuel fir déi meeschten eng Perte tëschent 15 a 35 % , vis-à-vis vun de leschte Joren, observéiert gëtt. Grond dofir ass de Verloscht vun den disponibele Plaze wéinst der 1,5-Meter-Ofstand-Reegel.
Wat Restauranten den Ament spieren, ass eng zolidd Hausse op de frësche Produiten a Liewensmëttel, déi a verschiddene Fäll bis zu 20% geklomme sinn. Eng Repercussioun, déi sech op villen Niveauen opgebaut huet an net nëmmen op déi riseg Demande géigeniwwer vun der méiglecher Offer.
Dës Präis-Hausse fir Liewensmëttel an der Restauratioun wäert am Endeffekt aus dem Portmonnie vum Consommateur bezuelt ginn.
Am Géigesaz zu Café a Restaurant hunn d’Hotellen an dëser Kris ni missen zoumaachen. Zu Munneref am Parc Hotel huet een an de leschten 10 Wochen trotzdeem keng Clienten empfaangen. Den Hotel ass um Ufank vun der Pandemie nämlech als potentielle Centre de Traitement festgehale ginn.
Ee komplette Stëllstand also no zwee staarke Méint Ufank des Joers, wou een en Taux d’occupation vu 70% hat. Mat der Reouverture vu Spa & Fitness hëlt och am Hotel d’Aktivitéit lues op. Op Sauna a Hamam mussen d’Clienten awer och weiderhi verzichten.
Weider Changementer waarde beim Buffet, wou ee vun elo u vum Personal zerwéiert gëtt. Do dernieft ginn nach méi Aarbechtskräfte fir den Nettoyage bereetgestallt. Hei huet de Virus also virun allem op déi intern Organisatioun een Impakt.