Nach Loft no uewen?Post soll deels net genuch op Phishing-Attack reagéiert hunn

Marc Hoscheid
Net all Client, deem säi Bank-Compte gehacked gouf, krut zäitno eng Mail fir dorop hinzeweisen. Och déi geklaute Sue sinn nach net bei jidderengem zeréck.

Rezent ass et bei der Post zu enger Phishing-Attack op Bankclientë komm. Dat hat d’Post op RTL-Nofro hi confirméiert. Wéi vill Leit betraff waren, wollt d’Post mat Verweis op Sécherheet a Confidentialitéit net verroden. Bei der Attack hätte sech Onéierlecher als d’Post, respektiv als LuxTrust ausginn, fir un Donnéeë vun eboo-Clienten ze kommen. Dobäi wier probéiert ginn, d’Clientë mam “Look&Feel” vu Post a LuxTrust ze täuschen, fir si derzou ze bréngen, sech via Link op engem gefälschte Site mat hire perséinlechen Donnéeën anzeloggen. D’Zil wier et an dësem Fall, de Konto vum Affer mat enger Payconiq-App ze verlinken an esou “frauduléis Transaktiounen” duerchzeféieren.

An deem Kontext huet d’Post dorun erënnert, datt si ni E-Maile mat der Opfuerderung, sech anzeloggen, erausschéckt. Et sollt een ni op esou Linken an enger E-Mail klicken a se direkt läschen. Fir sech op sengem “eboo-Kont” anzeloggen, kéint een entweder iwwer d’App “eboo” oder iwwert www.eboo.lu fueren.

Trojaner gouf installéiert
Wann ee Client awer op de “frauduléise” Link geklickt huet, soll en direkt de Contact Center vu “Post Finance” uruffen. Dësen ass tëscht 7 an 20 Auer ënnert der Nummer 8002 8004 ze erreechen. Sollt dee Moment eng kriminell Operatioun constatéiert ginn, da blockéiert “Post Finance” direkt den eboo-Konto an d’Verlinkung op Payconiq an de Client kritt geroden, eng Plainte bei der Police ze maachen, säi LuxTrust Passwuert ze änneren a “Post Finance” eng Kopie vun der Plainte eranzereechen.

Ma ganz esou soll et awer net bei all Post-Client ofgelaf sinn. Eng Persoun huet sech bei eis gemellt, fir sech iwwert de Service vun der Post ze beschwéieren. Si hätt 6 gefakte Mailen an engem Dag kritt an op eng vu “LuxTrust” geklickt. Si hätt hiren Identifiant an d’Passwuert aginn, well et dono zimmlech laang gedauert huet, hätt si de Sécherheets-Code net aginn. Ma well eng Rees geplangt war, wollt si e puer Deeg drop nokucken, ob genuch Suen um Compte wieren. Dat war dee Moment och de Fall. Ma déi Onéierlech haten een Trojaner installéiert a ware sech kuerz dono op de Compte zerwéieren. Wéi déi betraffe Persoun e bëssi méi spéit um Reesbüro war, waren net méi ronn 4.000 Euro um Konto, mee ee Minus vun 2.000 Euro.

Mam feine Polizist op d’Post

Dono huet si bei LuxTrust ugeruff, fir hire Konto ze desaktivéieren. Si war och op d’Postagence zu Jonglënster, do krut si awer gesot, si sollt bei der Cetrel uruffen. An der Opreegung hätt si dat och gemaach an hir Kaarte späre gelooss. Réischt méi spéit wier hir kloer ginn, datt dat net wierklech Sënn gemaach huet, well d’Kaarte jo net geklaut goufen. Wéi si nach eng Kéier bei d’Post goung, gouf si un d’Police verwisen. Do hätt si awer gesot kritt, et kéint keng Plainte opgeholl ginn, well kee Beleeg virléich, datt Suen transferéiert goufen. Ma de feine Beamte wier mat op d’Post gaangen, fir déi entspriechend Extraite sichen ze goen. Dës hätten och net misse bezuelt ginn. D’Plainte wier dono och un d’Post geschéckt ginn. Eng Reaktioun hätt et nach net ginn.

An den Deeg dono hätt si hir Domiciliatioun an de Konto wëlle blockéiere loossen. Dat wier awer net geschitt. Déi betraffe Persoun weist och dorop hin, datt si, anescht wéi d’Post et eegenen Aussoen no mécht, net zäitno eng Mail krut, fir virun der Phishing-Attack ze warnen. Et wier och verwonnerlech, datt et fir d’Hacker méiglech war, d’Sue per Payconiq-App opzehiewen, obwuel si ni hiren Accord ginn hätt, fir Payconiq ze notzen. Hei missten hirer Meenung no aner Sécherheetsmesurë gräifen.

Wärend eng aner betraffe Persoun eis matgedeelt huet, datt d’Suen, déi hir geklaut goufen, op eemol rëm zeréck waren, ouni datt d’Post dat erkläre konnt, waart dës Persoun nach ëmmer dorop, datt se hir ronn 6.000 Euro zeréckkritt. An d’Vakanz goung et iwwerdeems trotzdeem, d’Rees konnt nämlech sou kuerz viru Start net méi verréckelt ginn. Bleift ze hoffen, datt et hei zu kengen negativen Tëschefäll kënnt.

Back to Top
CIM LOGO