
Dat haten de Service de prévision de crues (SPC) vum Waasserwirtschaftsamt wéi och inondations.lu gemellt. Wéinst dem saturéierte Buedem an dem ville Reen, dee virausgesot gouf, hat d’Gefor bestanen, dass d’Peegele bei de Flëss am Süde vum Land am Laf vum Dag séier géife klammen.

D’Gefor, dass et zu lokalen Iwwerschwemmunge hätt kéinte kommen, war awer och schonn en Donneschdeg kleng. E Freideg de Mie gouf d’Aläerte dunn opgehuewen.