Neijoerschreceptioun ADRPresidentin Alexandra Schoos: "D'Regierung kéint nach eng Schëpp bäileeën"

Serge Pauly
Net nëmmen d'Chamber, ma och d'Parteie ruffen traditionell op den Neijoerschpatt. Optakt mécht d'ADR.
Neijoerschpatt ADR
Net nëmmen d’Chamber, ma och d’Parteie ruffen traditionell op den Neijoerschpatt. Optakt mécht d’ADR.

Am Schwaarzen Haus um Zens waren et déi fënnef Chamberdeputéierte vun der ADR, den Europadeputéierten an déi ganz Parteispëtzt an eng 60 bis 70 Parteimemberen a Sympathisanten. Den Owend stoung ënnert dem Slogan “Lëtzebuerg gär hunn”. D’ADR huet de Walslogan vun 2023 aus der Këscht geholl an de Sall domadder dekoréiert.

Neijoerschreceptioun ADR / Reportage vum DianaHoffmann

D’ADR zielt dëst Joer zu hiren zentrale Missiounen, d’Demokratie ze stäerken an de politeschen Debat méi no bei d’Bierger ze bréngen. Transparenz a Matbestëmmung dierften net just eidel Wierder bleiwen.

D’Offer vun enger Alphabetiséierung op Franséisch leent d’ADR weiderhin of, well dës zu enger Parallelgesellschaft géing féieren.

D’Parteipresidentin Alexandra Schoos iwwer dat éischt Joer schwaarz-blo Regierung:

“Also mir ginn hinne ganz kloer eng Zensur, wou se eng Schëpp nach musse bäileeën. Bon, mir musse ganz éierlech soen, mir haten och e Joer, wou sechs Méint dervun der Europawalkampf waren, soe mer mol. Dat heescht am Fong konnte mer eréischt duerno, soen ech elo mol, alleguer richteg lassleeën, mee ech menge fir eis war 2024 ee ganz gutt Joer. Mir hunn do ugeknäppt, wou mer 2023 opgehalen hunn, dat heescht mat engem Gewënn am Fong. Mir kruten e Sëtz am Europaparlament, mir kruten en zweete Sëtz am Staatsrot, wat eis och ganz wichteg war. Wat d’Politik betrëfft, ech mengen, mir hunn ëmmer do de Fanger op d’ Wonn geluecht, wou mer net d’accord waren, wéi zum Beispill si mer nach wie vor net d’accord, dass d’ Pandemie net opgeschafft gëtt, dass do den Expertegrupp net zustane gëtt, dass do sech wierklech d’Regierung vehement dogéint strieft am Fong. An et sinn awer och gutt Saachen, déi gemaach gi sinn. Ech soe mol d’Steiererliichterung, d’Upassung vum Steierbarème an esou weider. An do schaffe mir natierlech konstruktiv mat. Ech mengen als Partei si mer vertrauensvoll, mir hunn eis Linn a mir halen eis un eise Walprogramm.”

Och hätt d’ADR Visioune fir d’Pensiounsreform, well dat géing jo an der DNA vun der Partei leien, fir iwwert d’Renten ze diskutéieren.

“Mir wäerte ganz sécher Léisungsvirschléi presentéieren. Mee och do muss d’Press sech e bësse gedëllegen. D’Welt ass och net, bon, dach a siwen Deeg erschafe ginn. Mee awer eng Pensiounsreform oder eng Systemsverbesserung ass eeben net esou séier gemaach. An dat wëll gutt iwwerluecht sinn. An do wäert ganz sécher nach eppes vun der ADR awer och nokommen. Mee et ass, also mir dierfen net nëmmen de Fokus op eng Pensiounsreform oder op Pensioune leeën. Mir mussen och kucken, dass mer eis Baukris, eis Logementskris, d’Famill, d’Bildung a sou weider, dass mer dat net aus den Ae verléieren.”

International Konflikter, mat engem President Trump, deen an Amerika an de Startlächer steet, vill Regierungskrisen an de Länner ronderëm Lëtzebuerg: Rietspopulistesch Parteie schéngen ze profitéieren. D’ADR gesäit déi international Situatioun zwar onstabil, ma och wéi en Neiufank.

“Et ass e Wiessel iwwerall, wou ee gesäit e bëssen, wat mer méi Suerge mécht, dass déi verschidde Regierungen et net fäerdeg bréngen, d’Koalitiounsaccorden ze fannen. (...) Et ass an Éisträich déi meescht gewielte Partei gewiescht. Gi mer een d’Chance, kucke mer wéi sech dat entwéckelt. Mee ech mengen do muss een einfach kucken, dass, also ech mengen am wierklech am wichtegsten ass, dass mir als Europa elo mol déi ganz, an och an eisen Nopeschlänner, hu mer jo och keng stabil Regierung. Am Moment si mer mol éierlech. Ech mengen an Däitschland steet eis och eis nei, also d’Neiwale bevir.”

“Bis haut Member vun der EKR”

D’Diskussiounen am Europaparlament ronderëm den Europadeputéierten Fernand Kartheiser hunn a senger Fraktioun fir Opreegung gesuergt. Et geet en ëm en Interview an enger russescher Zeitung, wou e wuel Putin-frëndlech Positioune vertrueden huet. Dat schéngt senge Fraktiounskolleegen net ze gefalen.
Derzou awer d’ADR-Presidentin:

“Ech fannen et immens, bon, net witzeg, awer komesch, dass Dir vun engem Fraktiounsausschloss schwätzt vun der EKR. Ech hunn, also ech versécheren Iech bis haut, nach näischt dovun héieren. Mir si Member vun der EKR säit hirer Grënnung 2009 a mir hu fest wëlles dat ze bleiwen. Mir wäerten awer net hannert eise Walprogramm goen. Mir si mat engem EU-Walprogramm an déi Wale gaangen. Deemools hunn déi sechs Kandidaten, dorënner war ech jo och, schonn ëmmer ganz kloer d’Positioun, déi mir an deem Krich hunn, gesot. Mir hu schonn 2022 eng Resolutioun geholl, wou mir den Afall vu Russland an d’Ukrain condamnéieren, wierklech ganz ferm condamnéieren. A mir hu gesot, mir mussen d’Ukrain ënnerstëtzen op humanitärer Basis”

D’ADR wier ëmmer fir Friddensverhandlungen, fir d’Schütze vum Mënscheliewen an der Ukrain, fir d’Preservéiere vum Territoire vun der Ukrain gewiescht. An dat misst een op diplomateschem Wee maachen. Militäresch Léisunge wiere keng Léisungen.

Den 30. Mäerz wäert d’ADR hiren Nationalkongress ofhalen.

Back to Top
CIM LOGO