EttelbréckPresuméiert Drogendealerin festgeholl

RTL Lëtzebuerg
D'Police vun Ettelbréck ass e Freidegowend op eng Fra an e Mann opmierksam ginn, déi an engem Lokal an der Rue Prince Henri matenee gestridden hunn.

Eng Patrull konnt déi zwee untreffen, beim Mann goufe Boergeld a bei der Fra Droge fonnt. Well de Verdacht bestanen huet, datt et sech bei hir ëm eng presuméiert Drogendealerin handelt, gouf d’Fra festgeholl.

Si koum e Samschdegmoie virun den Untersuchungsriichter. Ëm wéi eng Drogen et sech genee handelt, ass am Bulletin vun der Police net preziséiert.

Back to Top
CIM LOGO