
Et sinn direkt e puer Policepatrullen op d’Plaz gefuer, fir no de presuméierten Abriecher ze sichen. Et huet dann och net laang gedauert, bis ee vun hinne gepëtzt konnt ginn.
En zweete war kuerzerhand an d’Musel gesprongen, konnt awer vu Mataarbechter vum Service de la navigation fluviale aus dem Waasser gefëscht ginn. E blouf onverletzt.
En drëtte Verdächtegen huet sech mat engem Vëlo a Richtung Däitschland duerch d’Bascht gemaach, an dat mat Succès. Hie konnt bis elo nach net ermëttelt ginn.
Op Uerder vum Parquet goufen zwee presuméiert Abriecher festgeholl an et géife weider Ermëttlungen an d’Weeër geleet ginn.