
Enger Patrull vun der Police war et gelongen, de presuméierten Déif ze stellen. Am Kader vun enger Enquête hat sech erausgestallt, dass de Mann am Verdacht steet, och an anere Geschäfter geklaut ze hunn.
Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.