PolicePresuméierten Drogendealer hat 20 wäiss Bullen a sengem Kierper

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend huet d'Police eng Kontroll an engem Lokal an der Joseph-Junck-Strooss duerchgefouert.

Eng Persoun konnt sech net ausweisen a gouf dowéinst mat op de Büro geholl. Do huet dësen dunn ugefaangen ze schlécken, woubäi him awer eng wäiss Bull aus dem Mond gefall ass.

De Mann gouf duerchsicht, woubäi nach eng weider Bull séchergestallt gouf. Well een dovunner ausgoe konnt, dass et sech ëm en Drogendealer handelt, gouf hien op Uerder vum Parquet an e Scanner bruecht. 20 där Bulle konnten am Kierper vum Verdächtegen identifizéiert ginn. De Mann gouf festgeholl an hat um Dënschdeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO