Wat geschitt am Minett Park?Projet vum Zuchmusée an ëmmer méi dréchenen Dicher

Fanny Kinsch
Pierre Jans
Um Sitte vum Fond-de-Gras, deen hallef an der Gemeng Déifferdeng, hallef an der Gemeng Péiteng läit, gëtt aktuell op e puer Chantiere geschafft.
Wat geschitt am Minett Park?
Projet vum Zuchmusée an ëmmer méi dréchenen Dicher.

Pläng fir Zuchmusée gi méi konkret / Reportage: Fanny Kinsch

E méi grousse Chantier gëtt grad geplangt - beim Musée ënner fräiem Himmel soll en Zuchmusée entstoen. Wéi den DP-Kulturminister Eric Thill rezent an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de liberalen Deputéierte Bauler a Graas geschriwwen huet, soll en éischten Avant-Projet bis Enn dës Joers fäerdeg sinn. D’Fanny Kinsch huet bei de Responsabelen nogefrot, wéi d’Aarbechte viruginn.

De Projet vum Zuchmusée wier an “ëmmer méi dréchenen Dicher”, esou de Patrick Sanavia, Direkter vum nationalen Denkmalschutzinstitut INPA (fréier Sites et monuments). Et wier ee gutt ënnerwee, fir datt d’nächst Joer e Gesetzesprojet dofir deponéiert kéint ginn. De Musée kënnt awer net an de Fond-de-Gras selwer.

“Op deem anere Wupp vun der Bunn vum Train 1900, dat si siwe Kilometer hei, déi schéinste Bunn, déi mer am Land hunn, tëschent Bësch a Felder, an do op d’Schwell vum Train 1900, net wäit ewech vun der Péitenger Gare, do soll dëse Musée hikommen.”


An e puer Joer wéilt een da probéieren, all Dag en historeschen Zuch tëschent dem Musée an dem Fond-de-Gras fueren ze loossen. Aktuell fueren d’Zich ee bis 3 mol d’Woch vu Mee bis Enn September. Och d’Responsabel vum Minett-Park Robyn Wehles rechent domat, datt méi laang a méi heefeg wäert gefuer ginn.

“Do muss dann awer gekuckt ginn, well bis elo baséiert sech alles reng op Benevolat, all eis Zich gi benevole geleet, an dat kann een awer net 365 Deeg d’Joer maachen, dat heescht, do muss dann awer professionell Hëllef och dann bäikommen. An och fir d’Material, dat ass historesch Material, dat huet alles meeschtens 100 Joer, dofir do muss dann och méi dru geschafft ginn.”

Aktuell ginn et 3 Chantieren um Sitte. D’Plaz, wann een erakënnt gëtt amenagéiert. Hei gëtt sonndes an Zukunft och fir d’Autoen zougemaach, Visiteure kënnen op engem anere Parking halen a mat enger Navette oder 10 Minutten zu Fouss op de Sitte kommen. Et gëtt eng Spillplaz gebaut an de Quai, op deem d’Minièresbunn lassfiert, gëtt frësch gemaach, esou d’Robyn Wehles.

“Et sinn u sech kleng Ruine vun Haiser, vun Infrastrukturen, déi do stoungen, déi anenee gefall sinn, de Quai war net méi sou ganz praktikabel, zemools wann et reent, a sou gouf awer elo alles schéin egaliséiert, och erhéicht, fir dass ee méi einfach an déi historesch Zich och erakënnt.”

De Käschtepunkt fir déi aktuell Chantiere läit bei 600 bis 650.000€, sou de Chef vum Denkmalschutzinstitut Patrick Sanavia. D’Chantiere sollen am Hierscht fäerdeg ginn.

Back to Top
CIM LOGO