Garer QuartierProtestaktioun an der Stroossbuerger Strooss wéint Onsécherheetsgefill

Lynn Cruchten
Fir hirer Onzefriddenheet Loft ze maachen, hunn e Freideg am fréien Owend eng 80 Awunner aus dem Garer Quartier an der Stad protestéiert.
Protestaktioun an der Stroossbuerger Strooss
D’Awunner an d’Geschäftsleit aus dem Garer Quartier an der Stad wëlle weider Drock op de Policeminister an d’Stater Buergermeeschtesch maachen.

D’Awunner an d’Geschäftsleit aus dem Garer Quartier an der Stad wëlle weider Drock op de Policeminister an d’Stater Buergermeeschtesch maachen.

Si haten an der Stroossbuerger Strooss den Trafic blockéiert an nach emol friddlech op d'Situatioun an de Stroossen ronderëm d'Stater Gare opmierksam gemaach.

Hannergrond ass d’Drogeproblematik an d’Zouhuele vun der Kriminalitéit an dësem Deel vun der Stad. De betraffene Leit no gëtt net genuch dogéint ënnerholl, sou dass sech d’Situatioun weider verschäerfe géif. Aus deem Grond gouf fir freidesowes zu enger Protestaktioun an der Stroossbuerger Strooss opgeruff.

D'Drogeproblematik an d'Onsécherheetsgefill ronderëm d‘Gare an der Stad sinn net nei. Ma d’Situatioun am Quartier huet sech an de leschte Jore verschlëmmert, soe betraffenen Awunner a Geschäftsleit.

Den Nicolas Clerc
D’Awunner an d’Geschäftsleit aus dem Garer Quartier an der Stad wëlle weider Drock op de Policeminister an d’Stater Buergermeeschtesch maachen.

A rezente Reportagen, grad wéi an der Emissioun Kloertext bei eis op der Antenn, an an enger Biergerversammlung Enn September zum Thema Sécherheet an der Stad hunn di Concernéiert hir Roserei, Angscht, a Suergen zum Ausdrock bruecht.

Onsécherheetsgefill Garer Quartier
D'Drogeproblematik an d'Onsécherheetsgefill ronderëm d‘Gare an der Stad sinn net nei.

Back to Top
CIM LOGO