
D’Geriichtsaffär an där de fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi dräi fréieren an engem aktuelle RTL-Mataarbechter Calomnie, Diffamatioun an onfräiwëlleg Kierperverletzung wéinst “troubles psychiques” reprochéiert, gouf nees eng Kéier verréckelt.
Ee vun den Ugeklote kann aus gesondheetleche Grënn net um Prozess deelhuelen. Dësen insistéiert awer dorop seng Ausso viru Geriicht ze maachen.
Zu der Affär war et an der Suitte vun engem Reportage komm, deen am Hierscht 2016 an der Emissioun “Den Nol op de Kapp” gelaf war.
Enn Februar war et schonn eng Kéier zu engem Retard komm, well ee vun den Affekote kuerz virum Prozess de Fouss gebrach hat.
De Prozess ass elo op Mëtt Oktober ugesat.