PortraitReaffektéiert wärend der Covid-Pandemie

RTL Lëtzebuerg
Mir hunn a Covid-19-Zäiten e jonke Mann begleet, deen zanter 6 Wochen e ganz aneren Job mécht, wéi soss.
Reaffektéiert wärend der Covid-Pandemie
Mir hunn a Covid-19-Zäiten e jonke Mann begleet, deen zanter 6 Wochen e ganz aneren Job mécht, wéi soss.

Den Aarbechtsalldag huet sech fir déi meescht vun eis verännert. Dat krut och d’Fonction Publique ze spieren.

Iwwerdeems verschiddener a Kuerzaarbecht oder am Congé pour raisons familiales sinn, schaffe vill anerer am Home Office. Beim Staat zum Beispill sinn dat 12.000 Enseignanten. 10.000 weider Staatsbeamten an Employéen hunn d’Méiglechkeet, vun doheem ze schaffen. An eng Rei Mataarbechter goufe souguer reaffektéiert.

Prezis Zuele ginn et heizou keng, ma mir hunn e jonke Mann begleet, deen zanter 6 Wochen e ganz aneren Job mécht, wéi soss.

Eigentlech schafft de Laurent Gallinaro op der Fonction Publique als Assistent vum Minister sengen 1. Beroder. Eng Bürosaarbecht, déi hie réischt ugangs Februar ugefaangen huet. Zanter Mëtt Mäerz awer ass hie lo ofwiesselend hei op der Covid-Hotline an am Centre de soins avancés an der Luxexpo am Asaz. De Laurent Gallinaro doriwwer, wéi et zu senger ablécklecher Situatioun koum:

No 6 Woche Stagiaire huet déi ganz Kris ugaangen an natierlech hat ech nach net vill Aufgaben, déi ech kéint am Télétravail maachen an dowéinst hunn ech mech direkt fräiwëlleg gemellt.

An engem Crash-Cours gouf de Laurent an déi aner reaffektéiert Mataarbechter an d’Aarbecht op der Hotline agefouert. Ëm déi 20 sinn hei op der Schicht am Asaz. Am ganze sinn eng 200 Leit op der Hotline agebonnen. Ënner anerem Polizisten a Militärmuseker. De Serg Ancona, Responsabele vun der Covid-Hotline:

Da si Leit vum Ausseministère dobäi, vum Wirtschaftsministère, awer och Doktere vun der Santé, zwee Zänndokteren an de Support psycho-social dobäi, ëmmer mat Psychologen, ëmmer fir Ried an Äntwert ze stoen a Betreiung ze maachen.” Aus dem Wirtschaftsministère sinn eng 6 Leit am Roulement. Esou och de Christian Tock, u sech Chargé de Direction vun den nohaltegen Technologien.

A mengem Fall ass et, well ech virdru mat Staatshëllefen ze dinn hat an d’Logik hannendrun e bësse verstinn an dofir gouf ech gefrot fir anzesprangen a säitdeem si mer am Fong hei.

Datt op dësem Samschdeg eng Permanence ass, läit dorunner, datt gëschter (e Freideg) nei Hëllefe fir d’Betriber annoncéiert goufen. Nawell ass et roueg, sou de Christian Tock:

Et ass warscheinlech esou, déi Aidë si gëschter Owend relativ spéit komm, dofir hunn d’Leit dat vläicht nach net gesinn, mee et ass eenegermoosse roueg haut.

Datt d’Situatioun sech berouegt huet, mierkt och de Laurent. An den éischten Deeg vum Lockdown war knapp Zäit, fir op d’Toilette ze goen.

Um Héichpunkt gouf et souguer 4.800 Appellen. Elo sinn et der nach 800-1.300 den Dag. Och d’Froen hu geännert.

Am Ufank ware vill spezifesch Froen, et ware vill Onkloerheeten. D’Leit woussten net, wéi se sech solle behuelen. Elo mëttlerweil ruffe vill Leit un, well se psychologesch Bäihëllef brauchen a fir eventuell dem Premier seng E-mail-Adress ze kréien”, erkläert eis de Laurent Gallinaro. Mä dat ass eng Info, déi d’Hotline natierlech net erausgëtt.

Een Dag op 7 ass de Laurent Gallinaro op der Hotline, déi aner 4 Deeg hëlleft hien am Centre de soins an der Luxexpo an der Logistik. 6 Wochen am Krisemodus un der Front, dat ass ustrengend... de Laurent ass midd, ma Congé huele wëll hien net:

Ech war 10 Joer an der Arméi, do sinn ech higaangen, fir dem Land ze hëllefen. Wa grad esou eng Kris kënnt an et ass een och net méi an der Arméi, wëll een dem Land awer hëllefen. Dofir ass de Congé elo keng Optioun.

Back to Top
CIM LOGO