ProActifRéféré huet Demande vum Direkter géint seng Kënnegung fir irrecevabel erkläert

RTL Lëtzebuerg
Aus Divergenze bei der Gouvernance gouf et jo een handfeste Sträit tëscht dem Direkter François Georges an dem President Norbert Conter.

De François Georges war an deem sougenannten “Eilverfahren”, eng Zort Tëschenetapp, géint seng Kënnegung virgaangen. D’Riichterin huet d’Demandë vum Direkter Georges fir irrecevabel erkläert.

De François Georges soll bei der Gestioun ze vill de Wee Richtung Kapitalgesellschaft ageschloen hunn, woubäi de Verwaltungsrot ProActif an éischter Linn als sozial Initiativ gesäit, mat als Prioritéit, Leit mat diverse Problemer op den éischten Aarbechtsmaart ze kréien.

Aus Divergenze bei der Gouvernance gouf een handfeste Sträit tëscht dem Direkter François Georges an dem President Norbert Conter. Ee Sträit, deen ausgeaart ass bis, wéi et schéngt, un de Rand vu physescher Gewalt an dono der Kënnegung.

Déi zoustänneg Riichterin hat ze decidéieren, ob de Licenciement vum Direkter duerch de President, effektiv e Licenciement war, an dat ouni Feeler an der Form, respektiv am Fong. D’Demandë vum Direkter si wéi gesot fir irrecevabel erkläert ginn. Esou wäit ee graffe Resumé vum Hannergrond.

Dobäi awer och déi hei Prezisiounen: Beim Référé handelt et sech ëm eng Prozedur, fir séier eng judiciaire Decisioun ze kréien, well eng gewëssen Urgence ginn ass.

D’Kënnegung wier vum hallwen Abrëll un a Kraaft, also an annerhallwer Woch an deen Ament misst den Ex-Direkter sech op der ADEM presentéieren, fir Chômage ze kréien. De Recours beim Référé-Riichter verhënnert net, dass d’Affär méi spéit um Fong viru Geriicht weider geet.

D’Decisioun vum Référé-Riichter ass also just provisoresch an ass och provisoresch ëmzesetzen. Et kann een och bannent zwou Wochen Appell oder Oppositioun maachen.

Déi nächst Woch gëtt et dann eng anerer intressant Référé-Affär. Och do ass den Hannergrond ee Sträit ëm d’Gouvernance. De revoquéierte President vum Verwaltungsrot bei der CMCM hat eng Assignatioun géint seng Revocatioun gemaach, well déi net konform mat de Statute vun der CMCM iwwert d’Bün gaange wier.

Back to Top
CIM LOGO