Am Regierungsrot decidéiertReform vum ëmstriddene Loyersdeckel ass vum Dësch

RTL Lëtzebuerg
D'Changementer vun de Plaffonge beim Loyer ginn aus dem Loyersgesetz gestrach. Dat huet de Regierungsrot e Méindeg festgehalen.
© pexels.com / PhotoMIX Company

Déi lescht Koalitioun an de fréiere grénge Logementsminister Henri Kox hate jo vir, beim Deckel vu 5 Prozent vum investéierte Kapital op 3,5 Prozent erofzegoen. Déi aktuell Regierung géing dëse Volet fale loossen, wéinst de sëllege Kriticken, déi et gouf.

Aner Volete vum Projet gi finaliséiert. Amendementer präziséieren zum Beispill d’Dispositiounen a punkto Colocatioun, bei de Loyersgarantien oder nach beim Sujet vun de gedeelte Fraise bei enger Zesummenaarbecht mat Immobilièren.

Dernieft hunn d’Ministeren am Conseil de Stabilitéits- a Wuesstemspak fir dëst Joer ugeholl.

Mat engem anere Gesetzprojet soll de Congé politique fir Lokalpolitiker eropgesat ginn.

Da ginn eng Rei Dispositiounen aus dem Gehälteraccord fir d’Fonction publique vun Enn 2022 ëmgesat.
Ënner anerem gëtt den temporäre Mechanismus vun der sougenannter “voie expresse” bei Carrières-Changementer ëm 5 Joer verlängert. De Bewäertungssystem gëtt da réckwierkend op den 1. Januar 2023 ofgeschaaft.

Gaston Reinesch bleift President vun der Zentralbank

De Regierungsrot huet dann nach d’Mandat vum Gaston Reinesch als Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Zentralbank verlängert.

De Resümee vun den Aarbechten am Regierungsrot vum 15. Abrëll 2024.

Back to Top
CIM LOGO