
Ëm Cyberattacken a Cybersécherheet geet et och an enger parlamentarescher Fro aus de Reie vun de Piraten. Déi ganz grouss Majoritéit waren am Mäerz Sitte vum Staat an och Gemengen. Dat sot eis den Direkter vum Centre des technologies de l’information de l’Etat CTIE. D’Fro, déi den Deputéierte Ben Polidori gestallt hat, datéiert virun der rezenter Cyberattack mat héchstwarscheinlech russeschem Hannergrond. Onofhängeg vun där Attack ass de Sujet Cybersécherheet héich aktuell.
Beispill, déi sougenannten Taurus-Affär: Op enger Web-Konferenz waren héichrangeg däitsch Genereel vum russesche Geheimdéngscht ofgelauschtert gi bei engem brisante Gespréich iwwert en eventuellt Liwwere vun Taurus-Missilen un d’Ukrain an iwwer soss Sujeten, déi sollen am klenge Krees bleiwen.
An der Suite vun där Affär ënnersträicht de Premier an d’Ministesch fir Digitalisatioun, datt d’Regierung determinéiert ass, d’Vertraulechkeet vun de Messagen an den Dateschutz an der elektronescher Kommunikatioun bannent den Departementer a Servicer vum Staat a mam Bierger ze garantéieren.
Beim Iwwerdroe vu confidentiellen Dokumenter géif sech ëmmer un déi securiséiert Léisunge gehale ginn, déi den Centre des Technologies recommandéiert.
Och alleguer d’Agenten am ëffentlechen Déngscht musse sech un eng Direktive halen, där no se fir berufflech an net-ëffentlech Informatiounen op kee Fall via Facebook, Tiktok, WhatsApp oder soss Messagerië solle benotzen, déi net vum Staat geréiert ginn.
Zënter engem knappe Joer gëtt et dann och ee spezielle a séchere Messenger-Service, deen d’Leit am ëffentlechen Déngscht op engem Aarbechtshandy, op aneren Beruffsapparater a souguer op engem privaten Handy notzen. Derbäi komme fir Regierungsmemberen an héich Beamten, speziell Déngschthandyen, déi speziell verschlësselt sinn